Virun 3 Joer huet den Theater an de Stad dës Traditioun erëm opliewe gelooss. Den Optakt huet deemools d’Stéck “Rumpelstilzchen” gemaach an ass dat Joer drop widderholl ginn. D’lescht Joer du war et eng nei Opféierung: Rabonzel, vum Jeff Schinker a Charel Muller nei interpretéiert. D’Stéck sollt dëst Joer traditionell am groussen Theater widderholl ginn. Amplaz gouf d’Opféierung elo awer opgeholl an de 27. Dezember bei eis op der Tëlee gewisen.
LINK: Klickt hei, fir op de Replay ze kommenDat jonkt Rabonzel, gespillt vum Sophie Mousel, dreemt vun enger Karriär als erfollegräich Sängerin. Wéi hir Elteren en Deal mam suspekte Lone, gespillt vum Timo Wagner, aginn, hëlt deen d’Rabonzel mat a säi mysteriéise Gaart a späert et a säin Tuerm. Hei soll hatt u sengen Talenter schaffen a säin Dram erreechen.
Déi lescht Méint a besonnesch dee leschten, ware fir den Theatersecteur net einfach. Mat der Fermeture vun de Kulturhaiser, hunn och vill Schauspiller Aarbecht verluer a konnte virun allem hirer Leidenschaft net méi wéi gewinnt nogoen. Fir si ëmsou méi schéin elo rëm op der grousser Bün ze stoen. Ma Freed a Leed deelen sech déi Bün.
Déi nei, al Traditioun elo ausfalen ze loossen, war fir den Direkter vum groussen Theater Tom Leick zu kengem Moment eng Optioun, och wann déi aktuell Situatioun fir si all immens schwéier ass.
Et ass eng nei Manéier fir grouss Opféierungen ze weisen, deemno wéi d’Situatioun sech weider entwéckelt, denkt de groussen Theater driwwer no, hir Videopräsens weider ze iwwerdenken an an engem nächste Schrëtt esou Opféierungen och an héijer Qualitéit live ze iwwerdroen.