Kultur an der Gemeng SchierenEng Ausstellung gëtt eng Vue vu wäit op e Schlass, dat de Staat net wollt

Monique Kater
"E Bléck op d'Schlass Biertreng", esou nennt de Marc Schoentgen seng Ausstellung ronderëm d'Märcheschlass an der Gemeng Schieren.
null
Esou nennt de Marc Schoentgen seng Ausstellung ronderëm d’Mäercheschlass an der Gemeng Schieren.

E Bléck ass u sech dat, wat de Bierger nach bleift, well de Staat huet dat Schlass zwar ënner nationalen Denkmalschutz gestallt, wollt et awer net kafen, well - sou d’Rumeuren - de Premier a fréiere Kulturminister d’Handbrems gezunn hätt. D’Fotoen, déi vun elo un zu Schieren ausgestallt sinn, weise baussen a bannen - wat de Public awer vum Schlass, dat a Privat-Hänn ass, wäert hunn, steet dobäi an de Stären.

Den Tourismusminister koum an d’Nordstad Gemeng vu muer an huet d’Fotoausstellung offiziell op gemaach. Fotos-Panneaue stinn elo op méi Plazen uechtert d’Duerf, en Trëppeltour vu bal annerhallwem Kilometer, mat Vuen op dat, wat de Staat hätt kënnen hunn, awer net wollt. De Staat kann net alles kafen, sou den Tourismusminister Delles, deen esou spontan gefrot och keng Iddi huet, wat mam Schlass ufänken, wann et dem Staat säint wier.

Eng Fotoausstellung soll kompenséieren, wat Nordstadgemenge net fäerdeg bruecht hunn. Well et esou schéin a well et Patrimoine ass, wollt de Buergermeeschter déi Ausstellung maachen. Hie sot sech ugangs enttäuscht, well d’Schlass net un d’Nordstadgemenge goung, an hien ass dat och haut nach. Déi 22 schéinste Fotoe vum Marc Schoentgen wieren hei ausgestallt an als Buergermeeschter wier hie frou, dass et goung wéi et goung an dass eben e Lëtzebuerger dëse Patrimoine iwwerholl hätt. Mat him wéilt een als Gemeng zesummeschaffen.

De Proprietäre war invitéiert, mee ass net komm, mee dat wëll näischt soen. Virun der Vente huet d’Rout Kräiz dem Fotograf d’Dieren opgemaach, hien hat keng Anung vun der Geschicht vun dësem Schlass, huet sech awer vun dëse Mauere faszinéiere gelooss. Mat senge Fotoen, mat dëser Ausstellung wéilt hien d’Schlass no bei d’Schierener bréngen, erkläert de Marc Schoentgen.

Biertreng steet nach, an eleng dat ass Gold wäert. An d’Geschichte vum Schlass a senge verschiddene Schlasshären oder Schlassmeeschteschen iwwer Maueren a Lännereien, bleiwe fir éiweg lieweg.

Als Schierener Awunner freet den Emile Goerens sech, dass e Lëtzebuerger d’Schlass kaf huet. Dës Ausstellung géing e Stéck Geschicht weisen. D’Schlass hätt en ideelle Wäert fir d’Schierener Leit. Enn virlescht Joerhonnert huet de Lëtzebuerger Premier an dësem Schlass gewunnt.

Mil Goerens - E Stéck Biertrenger Geschicht
E Stéck Biertrenger Geschicht

1935 ierft d’Estelle de Tornaco d’Schlass vu Biertreng. D’Schlass Meeschtesch gouf als “reservéiert” respektiv “granzeg” erlieft, si soll mat Salzkugelen op d’Leit geschoss hunn.

Mil Goerens
Eng wouer Geschicht vu richteger Schlassmeeschtesch

PDF: Wieder Informatiounen zur Ausstellung

Back to Top
CIM LOGO