
D’Sophie wär “an den Himmel geklommen, fir de Vollmound unzekucken”, dat huet hire Label Transgressive e Samschdeg geschriwwen. Dobäi wär se ausgerutscht a gefall. Dem “Guardian” no ass d’Ongléck e Samschdeg an de fréie Moiesstonnen zu Athen geschitt, wou déi 34 Joer al Kënschtlerin gelieft huet.
Déi och als Sophie Xeon bekannte Kënschtlerin hat 2013 hir éischt Single “Nothing More to Say” erausbruecht, hiren éischten Album koum 2018 eraus a gouf fir e Grammy an der Kategorie beschten Dance/Electronic-Album nominéiert. D’Transgender-Aktivistin huet ënnert anerem mam US-Popstar Madonna an der brittescher Sängerin Charli XCX zesummegeschafft.