Nei YouTube-Serie vum Lëtzebuerg City Museum"E staarkt Stéck" leeft elo am "You-seum"

RTL Lëtzebuerg
Um YouTube-Channel "Lëtzebuerg City Youseum" kann een elo déi éischt Folleg vun der neier Serie "E staarkt Stéck" kucken.
© Les 2 Musées de la Ville de Luxembourg

An de klenge Videoe gëtt all Kéiers op flott Manéier een Objet aus den eegene Sammlunge ganz besonnesch an de Fokus geréckelt..

Déi eenzel Episode presentéiere sech op eng witzeg Aart a Weis. Am Mëttelpunkt steet den e bësse grommelege Pensionär, gespillt vum Will Aust, deen d’Leit virum Écran all Kéiers mat op eng aner Plaz an der Stad Lëtzebuerg hëlt. An da gëtt zesummen en Objet entdeckt, deen en enke Bezuch zu dëser Plaz huet. Déi zwee Maskottercher vun de Stater Muséeën, den Hond Mil an de Villchen Édouard, erzielen dem Will alles, wat hien doriwwer wësse muss.

D’Dialoger sinn op Lëtzebuergesch, d’Ënnertitelen op Englesch. Déi éischt Episod kann ee sech vun elo un op YouTube ukucken. Do geet et ëm e ganze besonneschen Teller aus dem Joer 1916. An engems léiert een eppes iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch aus där Zäit, et kritt ee flott Anekdoten erzielt an interessant historesch Biller aus der Stad gewisen.

Back to Top
CIM LOGO