Am Alter vu 79 JoerD'Sängerin vu "Fleetwood Mac" Christine McVie ass dout
D'Christine McVie, déi e puer vun de bekannteste Lidder vu Fleetwood Mac geschriwwen huet, ass am Alter vu 79 Joer gestuerwen, wéi d'Famill matdeelt.
Verëffentlecht: 30.11.22 20:49, Update: 30.11.22 22:19
Déi brittesch Sängerin huet Lidder wéi Little Lies, Everywhere, Don't Stop, Say You Love Me a Songbird komponéiert.
Si hat Fleetwood Mac 1998 no 28 Joer verlooss, fir 2014 nach eng Kéier erëmzekommen.
D'Christine McVie ass am Spidol am Krees vun der Famill gestuerwen.