
Si kommen allen zwee aus engem Literatur-Studium, hu sech duerch e Praktikum am Theater kennegeléiert an zënterhier schaffe se ëmmer erëm bei Theaterprojeten zesummen: d’Regisseurin Daliah Kentges an d’Dramaturgin Sarah Rock. Den Ament brénge se “Rosenkranz und Güldenstern auf Greta” vum Kasemattentheater op eng ganz ongewéinlech Bün am Carré Hollerech.
Do hu se dem Christiane Kremer méi erzielt iwwer hir jeweileg Aarbechten, iwwer dat aktuellt Stéck, den nächste Projet “Fake Facts”, iwwer d’gutt Laun a Flexibilitéit bei der Aarbecht an den Horror selwer op der Bün ze stoen.
D’Regisseurin Daliah Kentges an d’Dramaturgin Sarah Rock schaffe regelméisseg am Theater zesummen.
“Rosenkranz und Güldenstern auf Greta” am Carré Hollerich“Fake Facts” am Mäerz am TrifolionPodpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
