Kultur-Serie op RTL - Deel 3D'Musekerin Claire Parsons am RTL-Interview

Patricia Baum
Claudia Kollwelter
D’Pandemie-Joer 2020 war och fir de ganze Kultur-Secteur keen einfacht Joer. Sief et beim Film, Danz, Theater, der Literatur, Konscht oder Musek.

De Kultur-Secteur huet sech deels missen nei erfannen an déi nei Erausfuerderungen unhuelen. D’RTL-Kulturredaktioun huet sech mat 6 Vertrieder aus de verschiddene Sparten ënnerhalen.

Deel 3: D’Musekerin Claire Parsons - de ganzen Interview

D’Concerte waren Ufank vum Joer eng vun den éischten Evenementer, déi hu missen ofgesot ginn. Wéini een iwwerhaapt mol erëm op e Concert a senger gewinnter Form ka goen, ass onkloer. Fir d’Museker, déi net kënnen op der Bün stoen, en ongewinnten an deels frustrant Joer. Dobäi kënnt, datt d‘Consomméiere vu Musek sech an de leschte Joerzéngte vill verännert huet, a bréngt mat sech, datt et fir d’Museker finanziell ëmmer mi schwiereg gëtt. D’Patricia Baum huet mat der jonker Musekerin Claire Parsons geschwat.

Kultur-Serie op RTL - Deel 3/Reportage Claudia Kollwelter

De Programm vun der Serie

Back to Top
CIM LOGO