Den Nico Simon ass de fréiere CEO a Matbegrënner vun der Utopia S.A. an aktuelle President vun Europa Cinemas, engem internationale Reseau vu Kinossäll, dee sech am Numm vun de Kinosexploitanten ënnert anerem fir d’Promotioun vun europäesche Filmer asetzt. Vill Kinoen uechtert d’Welt hu momentan hir Dieren zou a kämpfen ëm hiert Iwwerliewen, well si gréisstendeels Locataire sinn an hir Käschte weiderlafen. Hei zu Lëtzebuerg, wou d’Kinoslandschaft aus enger grousser Chaîne an enger Rei u Regionalkinoe besteet, déi hirersäits deels vun de Gemengen duerch Subsiden ënnerstëtzt ginn, ass d’Situatioun eng aner. Hei am Land gëtt et nämlech relativ héich Hëllefe vu Säite vum Staat, sieft dat vun der Ekonomie oder der Kultur, an déi hëllefen, fir dës Zäit ze iwwerbrécken.
Wärenddeem d’Kinoen awer de Summer an den Hierscht iwwer op waren, war d’Offer vu Filmer net wéi gewinnt dominéiert vun Hollywood-Blockbusteren, déi wéi den neien James Bond zum Beispill op dat nächst Joer verluecht goufen.
De Wee vun engem Film ass bis ewell ëmmer iwwert de Kinossall gaangen, deen d’Exklusivitéit hat fir eng éischt Diffusioun, éier d’Filmer dann op VOD- a Streaming-Plattformen a spéiderhin op DVD a Blu-Ray verkaaft goufen. Mat hirer Entscheedung, hire ganze Katalog vu Blockbuster-Filmer vun elo u gläichzäiteg am Kino an op der Streaming-Plattform HBO Max erauszebréngen, huet den Hollywood Studio vun der Warner dës traditionell Chronologie vun de Medie gesprengt.
Fir d’Zukunft vum Kino ass den aktuelle President vun Europa Cinemas trotz allem positiv gestëmmt.
Wann den neien James Bond Film mam passenden Titel “No Time to die” dann endlech den 31. Mäerz 2021 erauskënnt, wäerten d’Projekteren an de Kinoen uechtert d’Welt dann hoffentlech nees op Héichtoure lafen.
