Danny Boyle féiert RegieD'Karriär vun der legendärer Punkband "Sex Pistols" gëtt verfilmt

RTL Lëtzebuerg
Den "Trainspotting"-Regisseur wäert déi kuerz awer intensiv Period vun der brittescher Punkband als Serie verfilmen.
© AFP FILES / ARCHIVES / AFP

Den US-Sender FX huet d’Serie bestallt a berout op den Erënnerungen an de Memoirë vum Gittarist vun de Sex Pistols, dem Steve Jones. Dës goufen ënnert dem Titel “Lonely Boy. Tales from a Sex Pistol” publizéiert.

Lidder wéi “God Save the Queen” oder Anarchy in the UK” bleiwen an der Punk-Welt an och doriwwer eraus onvergiess. D’Sex Pistols aner Acteure vun der Punkbeweegung sti fir eng Zort vun Opreegung an och fir e gewësse Broch mat der Gesellschaft a verschiddene Konventiounen. Am Joer 1976 sinn d’Sex Pistols praktesch aus dem Näischt weltbekannt ginn, hunn en Album erausbruecht, ma sech nees am Januar 1978 opgeléist, dat wärend hirer US-Tour.

Am Joer 2009 krut den Dany Doyle jo den Oscar fir “Slumdog Millionaire”, ma virun allem awer wéinst seng Inzeenéierung vun “Trainspotting”, déi d’Heroin-Zeen vun Edinburgh a Schottland wéi keen aneren inzeenéiert, passt grad de Boyle perfekt op de Stull vum Regisseur. D’Dréibicher komme vum Craig Pearce an dem Frank Cottrell Boyce.

D’Haaptroll, de Sex Pistols-Guitarist Steve Jones, soll vum Toby Wallace gespillt ginn. De Sänger Johnny Rotten gëtt vum Anson Boon gespillt, d’Roll vum Bassist Sid Vicious iwwerhëlt de Louis Partridge.

Back to Top
CIM LOGO