
D’Architektur war net ganz hir Welt an dofir huet se sech viru 5 Joer e Kandheetsdram erfëllt an ass zanterhier Illustratrice.
D’Lynn Cosyn huet d’Claudia Kollwelter mat an hir verdreemte Welt geholl vu Pastell-Faarwen a Figuren, déi een zum schmunzele bréngen. Rieds geet awer och iwwert hir Kënschtler Residenz zu Tokyo, d’Erausfuerderunge vun engem “one-woman-buisness” an en ambitiéisen Agenda 2021.
D’Illustratrice erzielt vun hirer verdreemter Welt, Pastellfaarwen, Figuren déi een zum schmunzele bréngen, Tokyo, grouss Wandmolereien an Zukunftsprojeten
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
