Livestream: Concert op HellegowendDen OPL mat virtuellem Chouer

RTL Lëtzebuerg
Den traditionelle Chrëschtconcert vun der Philharmonie gëtt op Hellegowend am Livestream, op der Tëlee an um Radio iwwerdroen.
E ganz spezielle Chrëschtconcert
D’Musek gëtt opgeholl an d’Sänger sangen all eenzel a ginn dono zesummen an da bei d’Musek bäigesat. E Concert a Corona-Zäiten ass e bësse wéi en Experiment.

Et ass all Joer een Highlight! D’Philharmonie presentéiert e Chrëschtconcert mat traditionellen a bekannte Melodien a Lidder, bei deenen och de ganze Sall invitéiert gëtt matzesangen.

Dëst Joer ass dat natierlech net méiglech. 46 Museker op der Bün, 48 virtuell Stëmmen. De Chrëschtconcert aus der Philharmonie wäert ongewéinlech awer feierlech sinn,

Fir de Leit awer Chrëschtambiance heem an d’Stuff ze bréngen, gouf e ganz spektakuläre Concert op ongewéinlech Manéier enregistréiert. Freides owes an der Philharmonie, normalerweis géif hei den traditionelle Chrëschtconcert gespillt a gesonge ginn an dat virun ausverkaaftem Sall. Mä coronabedéngt bleiwen d’Reie ganz eidel, just d’Museker vum OPL hunn op der Bün Plaz geholl a stëmmen hir Instrumenter. De Pierre Nimax Jr., dee sech, mam Marie-Reine Nimax, ëm d’Chéier bekëmmert ass ouni seng Sänger komm.

De Pierre Cao, deen all Joer dëse Chrëschtconcert dirigéiert, preparéiert sech an der Loge op säin Asaz, déi Kéier net viru Publikum, mä viru Kameraen. Fir hien ass et eng Première a senger Karriär, déi ëmmerhi scho 6 Joerzéngte unhält.

An der Regie schafft de Yann Tonnar mat senger Ekipp ënner Héichdrock, fir déi verschidde Stécker opzehuelen an ëmmer mat der richteger Kamera beim richtegen Toun ze sinn.

Um Enn vum Owend ass d’Musek opgeholl, mä et feelen nach d’Stëmmen. Chéier duerfe jo den Ament nach ëmmer net optrieden. Dofir ginn dës stëmmen vun all Sänger eenzel opgeholl an dono separat bäigesat.

Experimenter si fir d’Ekipp keen Neiland, scho fir Nationalfeierdag hat een dëst virtuellt Experiment reusséiert. Am Sall sinn dann och just véier professionell Sänger derbäi, déi matsangen, fir déi richteg Referenz ze ginn.

PDF: De Programm vun der Philharmonie

Back to Top
CIM LOGO