Podpurri - Mir schwätze KulturDen Direkter vun der Nationalbibliothéik Claude D. Conter

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Am leschte Podpurri vum Joer hu mer Rendezvous an der Nationalbibliothéik, do wou zënter dem 2. Juli de Claude D. Conter den neien Direkter ass. Eng Nominatioun, déi iwwerraschend war.

De fréieren Direkter vum Literaturzenter zu Miersch hat eng éischte Kéier bei dëser Offer ofgesot, an eréischt nodeems, no vill Polemik, déi designéiert Kandidatin Joanne Goebbels sech zeréckgezunn hat, huet de Kulturministère nach emol ugeklappt.

No engem décken hallwe Joer zéie mer mam Claude D. Conter eng éischt Tëschebilanz, schwätze mat him iwwer en emotiounsräicht Joer, iwwer dat fonkelneit Gebai, d’Sammele vu Bicher, Zeitungen, Partituren an Internetsitten an iwwer den D. a sengem Numm.

Zënter gutt sechs Méint ass de Claude D. Conter den neien Direkter vun der Nationalbibliothéik.

© BNL

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op rtl.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Mir schwätze Kultur

Podpurri - Episod 14: Konstantin RommelfangenPodpurri - Episod 13: Betsy DentzerPodpurri - Episod 12 Julie ConradPodpurri - Episod 11: Théid JohannsPodpurri - Episod 10: Marly MarquesPodpurri - Episod 9: Francis KirpsPodpurri - Episod 8: Pascal SchumacherPodpurri - Episod 7: Susanne JaspersPodpurri - Episod 6: René PenningPodpurri - Episod 5 “Nickel Bösenberg”Podpurri - Episod 4 “Anne Mélan”Podpurri - Episod 3 “Gintare Parulyte”Podpurri - Episod 2 “Carole Lorang”

Podpurri - Episod 1 “CHAiLD”

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO