
Op Facebook huet d’Stad Montgomery hirem verstuerwenen Awunner geduecht, deen Doheem am Staddeel Walden gestuerwen ass. Seng Duechter huet “Hollywood Reporter” géintiwwer den Doud confirméiert.
Säin Duerchbroch ass him duerch “The Little Mermaid” gelongen. Hie war nämlech de Synchronspriecher vun der rouder Krabb Sebastian. Fir säi Lidd “Under the Sea” gouf de Samuel E. Wright esouguer mat engem Oscar ausgezeechent.
Wärend senger Karriär war hien och um Broadway, a Filmer a Serien ze gesinn, dorënner “The Lion King” (1997 um Broadway), “Bird” (1988), “Bill Cosby Show”, “Law & Order”, “Spencer For Hire” an “Jonny Zero”.
Hien hannerléisst eng Fra an 3 gemeinsam Kanner.