Hobby zum Beruff gemaachDe Reinhold Beckmann huet als Chansonnier Statioun am Cape gemaach

RTL Lëtzebuerg
Wie kennt en net? De Reinhold Beckmann fréiere Sportchef bei den Tëleeschaînen Premiere, Sat 1 an ARD a 16 Joer laang Talkmaster.
De Reinhold Beckmann war als Chansonnier op Besuch am Cape
Wie kennt en net? De Reinhold Beckmann fréiere Sportchef bei den Tëleeschaînen Premiere, Sat 1 an ARD a 16 Joer laang Talkmaster.

Zënter e puer Joer huet de Beckmann säin Hobby zum Beruff gemaach. Hie schreift Musek an Texter a séngt déi och bei live Optrëtter.

E Samschdeg den Owend war hie Gaascht am Cape Ettelbréck, wou hien e Podcast mam Christiane Kremer opgeholl huet a fir d’Tëlee mam Régis Thill geschwat huet. An natierlech huet en och gesongen a Gittare gespillt.

Et musse ee scho Courage hunn, aus gesécherter Positioun an aus dem Näischt eraus eng Musekskarriäre unzefänken. Do hat de Reinhold Beckmann säi Kapp e bëssen an de Strack geluecht.

Am Beschten ass et net iwwert de Beckmann ze schwätzen, mee hie schwätzen ze loossen. Wien Texter gären huet, déi op der enger Säit interpelléieren an op der anerer Säit respektvoll mat de Mënschen ëmginn, deen ass hei gutt bedéngt.

Ich bin einsame Spitze, einsam ist mehr, séngt de Beckmann selbstironesch. Bis déi nächste Kéier dann.

Back to Top
CIM LOGO