
De Kultur-Secteur huet sech deels missen nei erfannen an déi nei Erausfuerderungen unhuelen. D’RTL-Kulturredaktioun huet sech mat 6 Vertrieder aus de verschiddene Sparten ënnerhalen.
Ufank Mäerz hat de Lëtzebuerger Moler Jean-Marie Biwer eng grouss Eenzelausstellung am Mudam. Eng Ausstellung, déi net selbstverständlech ass am international renomméierte Musée. Iwwert d’Roll vum Kënschtler a firwat Theme wéi d’Flüchtlingskris oder de Covid a senger Konscht net relevant sinn, erzielt hien am Interview mam Patricia Baum.