Comeback am italieenesche KinoDe Kevin Spacey steet deemnächst erëm virun der Kamera

RTL Lëtzebuerg
Zanter Mëssbrauchsvirwërf viru gutt 4 Joer läit dem zweefachen Oscargewënner Kevin Spacey seng Karriär elo schonn op Äis.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Jason Merritt/TERM

US-Medieberichter no huet hien awer elo eng Offer fir eng nei Roll. “Ech freeë mech immens, dass ech eng Zouso vum Kevin fir mäi Film kritt hunn”, sot den italieenische Schauspiller Franco Nero dem US-Sender ABC News. “Ech halen hie fir e groussaartegen Acteur a freeë mech op den Dréistart.”

Konkreet geet et ëm eng Nieweroll am Film “L’uomo Che Disegnò Dio”, wou den 79 Joer alen Nero als Haaptduersteller a Regisseur mat u Bord ass. De Kevin Spacey soll doran eng kleng Roll als Detektiv iwwerhuelen. Wéini et lassgeet, ass nach net bekannt.

Dem 61 Joer alen Acteur goufen am Hierscht 2017 jo am Kader vun der #MeToo-Debatt sexuell Iwwergrëffer a Belästegungen virgehäit. Verschidde Kloe goufen awer erëm zréckgezunn oder ware verjäert. Zwee Männer haten dem Kevin Spacey d’lescht Joer virgehäit, si an den 80er Jore mëssbraucht ze hunn, wéi si nach mannerjäreg waren.

De gefeierten Hollywoodstar hat sech 2017 aus der Ëffentlechkeet zréckgezunn. Säin Optrëtt am Film “Alles Geld der Welt” (2017) vum Regisseur Ridley Scott gouf erausgeschnidden, an de Streamingdéngscht Netflix hat d’Zesummenaarbecht mat him fir d’Serie “House of Cards” gekënnegt.

Back to Top
CIM LOGO