Gerry and the PacemakersDe Gerry Marsden ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Duerch d'Band "Gerry and the Pacemakers" gouf aus dem Musical-Hit "You'll Never Walk Alone" déi wuel bekanntste Futtball-Hymne vun allen Zäiten.
© MATTHEW FEARN / POOL / AFP

E Sonndeg den Owend koum déi traureg Nouvelle, dass de brittesche Museker Gerry Marsden verscheet ass. Dat huet seng Famill wësse gedoen. Hie wier no kuerzer Krankheet gestuerwen, déi a kenger Verbindung zu Covid-19 stoe géing, heescht et aus dem enkste Krees.

Den FC Liverpool huet dem Gerry Marsden op Twitter Äddi gesot: “Mat grousser Trauer si mir iwwert den Doud vum Gerry Marsdens” gewuer ginn, schreift de Club. “Dem Gerry seng Wierder wäerte fir ëmmer bei eis sinn. You’ll Never Walk Alone.” Aner bekannte Lidder vun der Band waren “How Do You Do It?” an “I Like It”.

Back to Top
CIM LOGO