
De gebiertege Claude Espinasse gouf 1936 an eng traditiounsräich franséisch Schauspiller-Famill. Säi Papp Pierre a seng Mamm Odette Joyeux waren hirer Zäit och unerkannte Schauspiller.
De Kënschtlernumm “Brasseur” geet op den Numm vum Urgrousspapp zeréck, de Schauspiller Jules Brasseur, deen ursprénglech Jules Dumont geheescht huet. Hien hat den Numm no engem Theaterstéck iwwerholl an zanterhier och déi ganz Famill.
De Claude Brasseur wollt u sech Journalist ginn, huet sech duerch seng Erfarung am Theater awer fir de Beruff als Acteur decidéiert. do virdrun huet hien awer nach Militärdéngscht geleescht, huet fir seng Leeschtung wärend dem Algeriekrich
och eng Medail kritt.
Säin éischten Optrëtt hat hien 1956 am Film “Rencontre à Paris”, deemools nach net bekannt. Den Duerchbroch koum 1964 am Film vum Jean-Luc Godard “Bande à part”. 1980 krut hien e César als beschten Acteur fir seng Roll als Kommissär Jacques Fush am Film “La Guerre des Polices”. Bei eis virun allem bekannt, war hien duerch seng Roll an de Filmer “La boum”.