
Dat huet seng Agentin “BFMTV” géintiwwer e Méindeg confirméiert. Hien ass virun allem bekannt fir seng laang Zesummenaarbecht mat senger Ex-Partnerin Agnès Jaoui an huet a Filmer wéi “On connaît la chanson” oder “Didier” matgespillt. D’Koppel hat eng Partie Theaterstécker an Dréibicher zesumme geschriwwen.
A senger ganzer Karriär gouf hien e puer Mol fir de franséische Filmpräis César nominéiert, 4 Mol huet hien an der Kategorie “Bescht Dréibuch” gewonnen (fir “Smoking/No Smoking”, “Un air de famille”, “On connaît la chanson” an “Le Goût des autres”) an 1 Mol fir seng Roll am Film “On connaît la chanson”. Ënnert anerem krut hien och 2 Mol den Europäesche Filmpräis fir “Le Goût des autres” an “Comme une image”.