Kultur-Serie op RTL - Deel 1De Filmproduzent Paul Thiltges am RTL-Interview

Patricia Baum
Claudia Kollwelter
D’Pandemie-Joer 2020 war och fir de ganze Kultur-Secteur keen einfacht Joer. Sief et beim Film, Danz, Theater, der Literatur, Konscht oder Musek.

De Kultur-Secteur huet sech deels missen nei erfannen an déi nei Erausfuerderungen unhuelen. D’RTL-Kulturredaktioun huet sech mat 6 Vertrieder aus de verschiddene Sparten ënnerhalen.

Deel 1: De Filmproduzent Paul Thiltges - de ganzen Interview

Et muss ee sech ëmstellen an et gëtt méi deier, fir e Film ze dréinen”, dat sot de Filmproduzent Paul Thiltges am RTL Interview. Mir kucken an enger Serie zréck op e mouvementéiert Kulturjoer 2020. Ugefaange mam Filmsecteur, wou Tournagen ënnert de Corona-Mesuren alles anescht wéi evident sinn.

Kultur-Serie op RTL - Deel 1/Reportage Claudia Kollwelter

Kultur en eenzegen Op an Zou: 1. Deel
De Filmproduzent Paul Thiltges

De Programm vun der Serie

Back to Top
CIM LOGO