Kultur-Serie op RTL - Deel 4D'Dänzerin Simone Mousset am RTL-Interview

RTL Lëtzebuerg
D’Pandemie-Joer 2020 war och fir de ganze Kultur-Secteur keen einfacht Joer. Sief et beim Film, Danz, Theater, der Literatur, Konscht oder Musek.

De Kultur-Secteur huet sech deels missen nei erfannen an déi nei Erausfuerderungen unhuelen. D’RTL-Kulturredaktioun huet sech mat 6 Vertrieder aus de verschiddene Sparten ënnerhalen.

Deel 4: D’Dänzerin Simone Mousset - de ganzen Interview

En Artiste op der Bün erliewen, dat war dëst Joer net evident. Zwar konnte verschidde Spektakelen oder kleng Concerten organiséiert ginn, ma bei wäitem ass et net un d‘Quantitéit vun de Jore virdru erukomm. International schaffen, Residenzen am Ausland an vill Collaboratioune waren nëmmen bedéngt méiglech. Am Interview mam Patricia Baum erzielt Dänzerin Simone Mousset, wat fir si international schaffe bedeit.

Kultur-Serie op RTL - Deel 4 / Reportage Claudia Kollwelter

De Programm vun der Serie

Back to Top
CIM LOGO