Nordafrikanesche PlatCouscous gëtt Unesco-Weltkulturierwen

RTL Lëtzebuerg
4 Maghreb-Staaten haten d'Kandidatur agereecht, an Zukunft gëtt den nordafrikanesche Plat an der Unesco-Lëscht opgeholl.
© AFP/Fethi Belaid

Couscous symboliséiert d’Zesummeliewen, heescht et an der Kandidatur vun Algerien, Marokko, Mauretanien an Tunesien.

Ob al oder jonk, Mann oder Fra, Leit vum Land oder aus der Stad: Jiddereen identifizéiert sech mam Couscous. Dëst Iesse gëtt aus Schmull an haardem Weess hiergestallt an traditionell mat Geméis, Fleesch oder Fësch zerwéiert.

Mat dëser Initiativ erhoffe sech déi 4 Länner eng Verbesserung vun de politesche Relatiounen.

Frankräich an d’Schwäiz haten dann eng Demande gestallt, fir Auer-Mécherei als Weltkulturierwen unerkannt ze kréien. Dës Aarbecht gëtt am Jura zanter schonns praktizéiert. Alleng an der Schwäiz sinn bal 60.000 Aarbechtsplaze vun där Branche ofhängeg.

Back to Top
CIM LOGO