Fashion, Léift an DramaComeback vun der Serie "Sex And The City"?

RTL Lëtzebuerg
Et ass eng Nouvelle, déi vill Fans freeën dierft: Net als Film, mä als Serie soll den HBO-Klassiker zeréckkommen.
© AFP

Wëll Partyen, zum deel romantesch, zum deem kuriéis Rendez-vousen: D’Liewe vum Carrie Bradshaw a senge Frëndinnen hu Millioune Leit tëscht 1998 an 2010 mat grousser Spannung verfollegt.

Ob et geschwënn e Comeback vun der Kult-Serie “Sex And The City” wäert ginn? Dat soll en Insider der Promi-Säit “Page Six” verroden hunn. Bis op d’Kim Cattrall sollen d’original Schauspillerinne bei der geplangter Mini-Serie mat dobäi sinn. Schonn an der Vergaangenheet hat d’Actrice betount, dass si mat hirer Vergaangenheet als Samantha Jones ofgeschloss hätt. Si hätt allerdéngs näischt dogéint, wann een d’Roll géing nei besetzen, sou d’Kim Cattrall “Guardian” géintiwwer am Interview.

Iwwert eng Fortsetzung freeë géing sech ënnert anerem d’Sarah Jessica Parker. Hirer Meenung no wier et spannend ze gesinn, wéi sech d’Charaktere mat Problemer aus der haiteger Welt ausenanersetzen, dorënner zum Beispill d’MeToo-Beweegung.

Dëst ass net déi éischte Kéier, dass HBO ale Serien e Comeback erméiglecht. Eng nei Oplag gouf et ënnert anere vun “The Fresh Prince of Bel-Air” an och d’Acteure vu “Friends” solle geschwënn nees zesumme virun der Kamera stoen. Och “Pretty Little Liars” a “Gossip Girl” hunn hire Comeback gefeiert.

Back to Top
CIM LOGO