Am Juni 2019 huet d’Eline Benjaminsen eng artistesch Residence beim CNA gewonnen. D’Initiative gouf 2014 lancéiert a gëtt internationale Fotografen d’Chance iwwer 3 Méint e Projet hei am Land auszeschaffen an dann am CNA auszestellen. Well der norwegesch Kënschtlerin hir Residence awer matzen an d’Pandemie gefall ass, gëtt d’Ausstellung elo réischt gewisen. Wéi den Titel et scho seet, geet et bei der Ausstellung „Collapsed Mythologies: An Annex to the Geofinancial Lexicon“ ëm de Sproochgebrauch an der Finanzwelt. Méi spezifesch: ëm de Jargon, deen der Financial Times no dacks an dëser Industrie benotzt gëtt a fir all Mënsch, deen net grad an der Industrie selwer schafft, schwéier ass ze verstoen.
Presentéiert ginn eng Rëtsch Texter, Fotoen a Video-Animatiounen, déi duerch déi sougenannte “Photogrammetry"-Method gemaach goufen. Bei dëser Method gëtt en Objet animéiert, andeems e vun alle Säiten offotograféiert gëtt.
Zil wier et, déi ongewéinlech Geschicht hannert finanztechneschen Ausdréck wéi „Pork Bellies“, „Witching Hour“ a „Vampire Squid“ visuell duerzestellen a sou de Visiteuren de Finanzjargon méi verständlech ze maachen.
„Collapsed Mythologies: An Annex to the Geofinancial Lexicon“ kann een nach bis den 29. August an de Waassertuerm zu Diddeleng kucke goen.
