NationalbibliothéikBicher aus dem Stock kann ee fir eng kleng Spend kréien

RTL Lëtzebuerg
Den 28. an 29. Oktober proposéiert d'BNL hire Visiteuren, Bicher, déi een ze vill huet, matzehuelen, dat géint e klenge Gest.

Déi Suen, déi iwwert dës Aktioun erakommen, ginn dofir geholl, fir Affichen ze restauréieren. Wien een oder méi Bicher aus der Kollektioun vun der Nationalbibliothéik wëll kréien, huet d’Chance e Freideg an e Samschdeg tëscht 10 an 18 respektiv 10 a 16 Auer, dat am Foyer vun der BNL. Honnerte Bicher, deels dovun op Lëtzebuergesch, sichen nämlech hei en neie Besëtzer.

LINK: All d’Detailer um Site vun der BNL

Back to Top
CIM LOGO