All Dag en neie VideoAdventskalenner vun der Militärmusek

RTL Lëtzebuerg
Et ginn der mat Schockela, mat Käerzen, mat Schmock an an an ...
Adventskalenner Militärmusek
Et ginn der mat Schockela, mat Käerzen, mat Schmock an an an ...

Mëttlerweil gëtt et jo fir all Goût an all Alter en Adventskalenner. A wat ass dat ëmmer eng Freed fir do all Dag eng Dierchen op ze maachen?!

Ee ganz besonneschen Adventskalenner, bitt d’Militärmusek elo un. Do mécht een zwar net ëmmer eng nei Dier op, ma en neie Video.

Am Conservatoire an der Staat fënnt ee momentan dacks verschidde Regëster vun der Militärmusek op der Bün vum Auditorium, fir hiren Adventskalenner, dee si, fir jiddereen zougänglech, op hire soziale Medien ubidden.

E wichtegen Deel vun de Militärmuseker hirem Alldag, sinn d’Prouwen Doheem – och virun der Pandemie schonn, ma donieft war een och ëmmer gewinnt am groussen Orchester ze spillen. Momentan reduzéieren si dat awer op eenzel kleng Gruppen.

Et bleiwen nach e puer Dieren op ze maachen. Eng ganz besonnesch maache si, wéi si selwer soen, da Chrëschtdag selwer op.

Back to Top
CIM LOGO