Kollektivexpo19 Kënschtler bedeelege sech un der 5. Editioun vun der Fuel Box

RTL Lëtzebuerg
Fuel Box nennt sech déi Gemeinschaftsexpo, déi ëmmer op méi ongewéinleche Plazen organiséiert gëtt a wou all Kéiers en interessante Mix gebuede gëtt.
© Simone Molitor, RTL

D’lescht Joer gouf an de Raim vun engem Sportsgeschäft um Houwald ausgestallt, dat eidel stoung. Déi Kéier ass et de Banneraum vun engem Parkhaus op der Cloche d’Or, an deem 19 Kënschtler hir Wierker weisen. Leschte Freideg war de Vernissage.

Duerch d‘Garagëpaart geet et an zwee grouss Raim. Direkt an d’A stieche Collagë vum André Depienne, déi bekannt Gesiichter vu Leit wéi dem Amy Winehouse, dem Thierry Van Werveke oder dem Sean Connery weisen. Direkt donieft méi klassesch Holzskulpture vum Laurent Turping a matten am Raum déi elegant geschwonge Skulpture vum Eck Lunkes oder déi aus Stol vum Assy Jans. Fotoe mat Portraite vum Lynn Theisen hänken nieft de groussformatege figurative Biller vum Yvette Rischette.

Méi verspillten Holzskulpture vum Fabienne Goerens fënnt een am zweete Raum, wou och d’Myriam Zimmer hir fantasievoll Keramike weist oder de Marco Weiten seng aussergewéinlech grell Déierebiller hänken huet. D‘Thema Corona gëtt och vun e puer Kënschtler opgegraff, sou zum Beispill an der Installatioun vum Anouk Kiefer.

Flott bei dëser Kollektivausstellung ass wéi ëmmer, dass ee vill verschidde Kënschtler kenneléiert an domat och ganz divers Konschtwierker bewonneren an natierlech och kafe kann.

Déi 5. Editioun vun der Fuel Box kann ee sech nach bis den 23. Mee ukucken, méi genee vum 13. bis de 16. Mee a vum 20. bis den 23. Mee ëmmer vu 14.00 bis 19.00, dëst op der Nummer 3 an der Rue Robert Stumper op der Cloche d’Or.

Déi 19 Kënschtler

Serge Anen
Tino Camarda
Raymond Colombo
Änder Depienne
Fabienne Goerens
Florence Hoffmann
Assy Jans
Anouk Kieffer
Philippe Konsbruck
Eck Lunkes
Claudine Maillet
Yvette Rischette
Jean-Claude Salvi
Rafael Springer
Rol Steimes
Lynn Theisen
Laurent Turping
Marco Weiten
Myriam Zimmer

Back to Top
CIM LOGO