Well de Parcours vum Ellergronn an de Bambesch verluecht ginn ass, hu sech d’Coureure missen op en anere Parcours ëmstellen. Ënnert bloem Himmel huet sech de Yannick Lieners vum CS Bieles virum Christophe Kass an dem Pol Mellina duerchgesat.
Bei den Dammen gouf et eng Victoire vum Liz Weiler, déi sech virum Anny Wolter an dem Veronique Hansen behaapte konnt.