Schi-AlpinWeider Victoire fir den Dominik Paris zu Bormio

RTL Lëtzebuerg
Och déi 2. Descente zu Bormio gewënnt den Italiener Dominik Paris no enger ganz staarker Leeschtung.
© afp

Nodeems den Dominik Paris schonn d’Descente um Freideg virum Beat Feuz a Matthias Mayer gewanne konnt, ass et dem Italiener gelongen och déi 2. Course zu Bormio an Italien ze gewannen an dat no enger ganz staarker Prestatioun. Dëst ass déi insgesamt 5. Victoire fir de Paris zu Bormio. Allerdéngs war et nach eng kéier knapps ginn wéi de Schwäizer Urs Kryenbühl un den Départ gaangen ass an dësen am Zil ganz iwwerraschend just 8 Honnertstel Réckstand hat an domadder 2. gouf. Drëtten gouf mam Beat Feuz a mat engem Retard vun 26 Honnertstel e weidere Schwäizer.

D’Descente zu Bormio zielt zu enger vun de schwieregsten wann net souguer zur schwieregster Descente am Weltcup bei den Hären.

Back to Top
CIM LOGO