Expo "animalEch" am NaturmuséeWéi gi mir mat Déieren ëm a firwat?

Isabelle Gillen
Eng nei Expo am Naturmusée animéiert een dozou, seng Relatioun zu a säin Ëmgang mat Déieren ze iwwerdenken.
Expo am Naturmusée: Wéi gi mir mat Déieren ëm a firwat?
Eng nei Expo am Naturmusée animéiert een dozou, seng Relatioun zu a säin Ëmgang mat Déieren ze iwwerdenken.

Wéi gi mir als Mënsche mat verschiddenen Déieren ëm? Wéi huet sech dësen Ëmgang mat der Zäit verännert? A wéi eng Roll spillen och d‘Muséeën an dësem Kontext? Mat dëse Froe beschäftegt sech déi nei Ausstellung "animalECH" am Naturmusée am Gronn op eng interaktiv Aart a Weis.

D'Bezéiung zu Déieren ass en immens grousst Thema, wat een op vill verschidden Aart a Weise kann ugoen. Den Naturmusée huet sech dozou entschloss, de Fokus virun allem op déi perséinlech Relatioun, déi all Eenzelen zu Déieren huet, ze leeën. Wann een d'Ausstellung "animalECH" betrëtt, gëtt een duerch e Gank aus Spigele fir d'alleréischt mat sech selwer a sengen eege Gewëssheeten am Bezuch op Déiere konfrontéiert. Dat war, esou den Direkter vum Naturmusée Patrick Michaely, eng ganz bewosst Entscheedung:

"D'Ausstellung ass e Gank, dass d'Leit an d'Ausstellung erakomme mat enger gewëssener Gewëssheet, déi se natierlech och hu vu sech selwer. Dat ass deen "Ech", deen een an deem Titel vun der Ausstellung och huet, deen "animalECH". An dass een dann awer am Gank, duerch déi ganz Ausstellung, duerch déi Experimenter, déi ee ka maachen, duerch déi verschidden Interaktivitéiten awer feststellt, dass et mat deene Gewëssheete guer net esou fest ass. An déi ginn ëmmer dann a Fro gestallt. Et gi ganz vill Froen an dëser Ausstellung gestallt, déi och dozou invitéieren, ze diskutéieren."

An der Ausstellung ginn d'Leit dozou agelueden, nei un d'Thema Déieren an Déiererechter erunzegoen. Nom Spigelgank stéisst ee vir d'éischt op eng Rei Informatiounsschëlder a Biller, déi d'Geschicht vun den Déiererechter am Detail retracéieren. Esou huet een déi perfekt Basis fir an d'Ausstellung eranzegoen.

"D'Geschicht vun den Déiererechter, dat ass eng ganz laang. Mir fänken hei am Musée u bei deenen ale Griiche, wéi esou ganz oft, mam Pythagoras, e Vegetarier. Vegetarier sinn iwwregens bis nach an d'19. Joerhonnert als Pythagorier bezeechent ginn. Da sinn awer virun allem nach eng ganz Rei u Perséinlechkeeten, wéi zum Beispill den Decartes, deen am 17. Joerhonnert d'Déieren als Roboteren, Automate reduzéiert huet, ouni Gefiller. Dat geet awer da weider bis bei d'Entwécklung vum modernen Déiererecht hei. Dat sinn alles Elementer oder Etappen, déi vir d'Déiererecht dann och wichteg waren, déi hei gezeechent ginn."

KI-Biller sollen d'Geschicht vum Déiererecht illustréieren. Dëst huet awer och e spezifesche Grond. Et wollt een nämlech Biller benotzen, déi verschidde Klischeeën illustréieren an dat klappt am beschte mat KI, well et natierlech dofir keng reell Ofbildunge gëtt.

D'Ausstellung u sech ass a verschidde Reim agedeelt, an deenen een déi ënnerschiddlechsten interaktiv Aktivitéite ka maachen. Vu Videoen, iwwer Déiere-Geräischer fir ze lauschteren, en digitaalt Schéiss-Spill oder eng Aart Detektivspill, bei deem een Déiere verurteele kann, bitt d'Ausstellung allerhand Méiglechkeeten, Déieren nei ze erliewen a säi Verhale géigeniwwer Déieren ze hannerfroen.

Wat natierlech och net dierf feelen, ass, wéi den Naturmusée selwer mat Déieren ëmgeet. Deemno beschäftegt sech och e ganze Raum an der Ausstellung mat dëser konkreter Fro. Och vill Muséeën hätte sech den Trends ugepasst a behandelen d'Déiere méi respektvoll wéi nach viru Joerzéngten. Wéi den Direkter vum Naturmusée erkläert, géifen ëmmer méi Leit si drop uschwätzen, wéi déi Déieren, déi ausgestallt ginn, eigentlech gestuerwe wieren. Haut wier et meeschtens esou, dass just Déieren, déi souwisou gestuerwe sinn als Museesexemplaire genotzt ginn, woubäi fréier och oft Déiere spezifesch fir e Musée geschoss goufen.

D'Ausstellung "animalECH" weist, wéi eisen Ëmgang mat Déiere sech iwwert d'Jore verännert huet a probéiert d'Leit dobaussen an eng ëmmer méi déierefrëndlech Richtung ze leeden. Bis den 23. August kann een "animalECH" an den Naturmusée am Gronn kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO