Basketball-ChampionnatD'Fiels klappt Bartreng, Steesel wënnt e Krimi géint d'Pikes

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg war den Optakt vum 6. Spilldag an der Enovos League bei den Dammen an Hären.
© Christophe Hochard

Hären

D'Arantia Fiels setzt sech mat 102:90 géint d'Sparta Bartreng duerch an zitt domat mam Géigner an der Tabell gläich. Obwuel de Profispiller Imariagbe sech am éischte Véierel blesséiert hat, huet d'Fiels sech e Virsprong erausgespillt an dësen am drëtte Véierel weider ausgebaut. Bartreng huet nach emol reagéiert, d'Zäit ass de Gäscht allerdéngs dovu gelaf. 21 Punkte vum Vic Heuschling an 18 Punkte vum Edson De Sousa hunn den Ënnerscheed gemaach.

D'Amicale Steesel wënnt e Krimi mat 77:76 géint d'Musel Pikes. D'Gäscht vun der Musel hu sech an de leschte Minutten zeréck an d'Partie gekämpft. Den Julian Hammond hat d'Méiglechkeet, d'Victoire fir Pikes mat engem leschte Worf ze markéieren, dëse Worf ass allerdéngs net eragaangen. De Conley Phipps koum op 31 Punkte fir Steesel.

De Basket Esch iwwerrennt de Stater Racing mat 111:78. Net manner wéi 40 Punkte goungen op de Kont vum Quinten Nelson, deen 8 Dräier markéiere konnt. D'Gäscht vun Esch louche schonn an der Paus kloer mat 66:41 a Féierung.

D'Kordall Steelers feieren déi éischt Victoire dës Saison, dat an eegener Hal beim 83:65 Succès géint den Opsteiger Gréngewald Hueschtert. De Jeff Early konnt 27 Punkte fir d'Lokalekipp markéieren.

________________________________________________

Dammen

Bei den Damme setze sech d'Musel Pikes auswäerts mat 72:66 géint d'Amicale Steesel duerch an huelen domat Revanche fir d'Néierlag an der Coupe virun dräi Deeg. D'Profispillerin Ella Gallatin koum op 25 Punkten fir d'Pikes.

Den AB Conter setzt sech auswäerts mat 84:60 géint de Gréngewald Hueschtert duerch. Domat bleift den Opsteiger ouni Victoire. Mat 36 Punkte konnt d'Marah Dykstra bei de Gäscht iwwerzeegen.

Back to Top
CIM LOGO