Basketball-ChampionnatWalfer klappt d'Pikes mat spektakulärem Worf, Ettelbréck wënnt géint Esch

RTL Lëtzebuerg
Am nationale Basketball-Championnat steet um Weekend de 4. Spilldag um Programm.
© Val Wagner

Eng mëttelgrouss Iwwerraschung gouf et zu Steesel, wou sech den Opsteiger Gréngewald Hueschtert mat 79:67 behaapte kann. Steesel war offensiv ze harmlos an eng spéit Reaktioun ass net duergaangen, fir d'Partie ze dréinen. De Raiquan Clark war mat 32 Punkten net ze stoppen bei de Gäscht.

D'Résidence Walfer setzt sech no engem spektakulären Worf kuerz viru Schluss mat 76:73 géint d'Musel Pikes duerch. De Mykolas Maindron huet den entscheedende Worf knapp 1 Sekonn virun Enn vum Match vun der Dräierlinn getraff, hie koum op 22 Punkten fir d'Lokalekipp.

D'Sparta Bartreng huet sech kloer mat 90:73 auswäerts bei de Kordall Steelers duerchgesat. D'Gäscht si staark an déi zweet Hallschecht gestart a konnten hei den entscheedende Virsprong erausspillen. De Jarvis Williams koum op 22 Punkte fir d'Gäscht. Bei der Lokalekipp huet mam Sean Conway en neie Profispiller matgespillt, och hie konnt déi véierten Néierlag noeneen net verhënneren.

Resumé vum Match Fiels - Racing

D'Arantia Fiels huet sech mat 96:85 géint de Racing Lëtzebuerg duerchgesat. Joshua Mcclary an Michael Imariagbe hunn allebéid 23 Punkten fir d'Loakelkipp markéiert. Um Donneschdeg hat sech den T71 Diddeleng 83:78 géint Zolwer duerchgesat. D'Lokalekipp huet d'Partie no engem 37:49 Réckstand zur Paus an der zweeter Hallschecht gedréint. Den Domenick Sleva koum op 26 Punkte fir Diddeleng.

Um Sonndeg huet d'Ettelbrécker Etzella sech ouni de Philippe Gutenkauf mat 84:69 géint de
Basket Esch behaapt. Am véierte Véierel huet d'Lokalekipp sech ënner dem Impuls vum Billy
McDaniel ofgesat an d'Victoire um Enn gefeiert. Den Travis Henson koum op 31 Punkten fir
d'Etzella.


________________________________________________

________________________________________________

________________________________________________

________________________________________________

________________________________________________

Dammen

Bei den Damme bleift de Champion T71 Diddeleng ongeschloen. D'Lokalekipp iwwerrennt Wolz 97:38, d'Catherine Mreches koum op 26 Punkte fir Diddeleng.

Däitlech méi spannend war d'Partie tëschent der Amicale Steesel an dem AB Contern. Hei setzt sech Conter um Enn 78:76 duerch. 27 Punkte goungen op de Kont vum Marah Dykstra, d'Nationalspillerin Esmeralda Skrijelj huet 16 Punkten an den entscheedende Worf spéit am Match zur Victoire bäigesteiert.

Resumé vum Match Esch - Gréngewald

Um Sonndeg wënnt de Basket Esch doheem mat 76:72 géint den Opsteiger Gréngewald
Hueschtert. D'Partie war bis zur leschter Aktioun spannend, mat dem besseren Enn fir
d'Lokalekipp. Tatsiana Likhtarovich konnt 24 Punkte markéieren, d'Nationalspillerin Joy
Baum huet 21 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

Back to Top
CIM LOGO