
An der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Hären trëfft de Coupe-Gewënner Arantia Fiels op de Basket Esch. Donieft kënnt et zum Duell Etzella Ettelbréck géint den T71 Diddeleng.
Matcher bei den Hären am Iwwerbléck:
Etzella Ettelbréck - T71 Diddeleng
Arantia Fiels - Basket Esch
Résidence Walfer - Kordall Steelers
Musel Pikes - Sparta Bartreng
Am Lalux Ladies Cup bei den Damme spillt ënner anerem Conter géint de Gréngewald. Dräi Veräiner aus der Nationale 2 sinn nach am Wettbewerb.
Matcher bei den Dammen am Iwwerbléck:
AS Zolwer +10 - Amicale Steesel
Telstar Hesper +10 - T71 Diddeleng
Black Star Miersch +10 - Basket Esch
AB Contern - Gréngewald Hueschtert
D'Véierelsfinalle ginn de Weekend vum 28. an 29. November gespillt.