
Bis elo ass nach net vum Lëtzebuerger Comité Olympique festgehalen, wie vu Cosl-Sportler an Ekippen definitiv däerfe matgoen.
Dat geschitt awer an engem décke Mount an zwar den 29. Abrëll, esou d’Marie-Paule Hoffmann, d’Presidentin vum Bureau Technique vum Cosl.
Am Dezember war d’Fro jo opkomm, ob d’Volleyball-Dammennationalekipp mat a Montenegro géif geholl ginn, well et do virdrun elo net terribel vill Matcher goufen, wou een de kompetitive Charakter vun der Ekipp kéint noweisen. Bei de Sportaarte wéi Liichtathletik a Schwammen ass et méi kloer mat den Normen, well et do Zäiten oder Längte ginn, déi mussen erfëllt ginn.
Och wann d’Long-List scho vum Cosl opgestallt ass, wäerten d’Dossieren an den nächste Woche genee analyséiert ginn, esou d’Marie-Paule Hoffmann.
Beim Comité Olympique schéngt et awer och esou ze sinn, datt ee bei de Spiller vun de klenge Länner, wat d’Kritären uginn, awer vläicht och e bësse méi Spillraum léisst, wéi zum Beispill fir d’Europaspiller oder d’Olympesch Spiller.