
Um Samschdeg konnt sech Wales mat 18:11 géint Schottland behaapten, wat gläichzäiteg och d’Féierung an der Tabell bedeite sollt.
Am zweete Match vum Samschdeg konnt sech England däitlech mat 57:14 géint Italien behaapten. Domat bleift Italien bis ewell ouni Punkt um Enn vun der Tabell hänken. England ka sech mat Wales uewen un der Tabell ofsetzen.