
D’Bedingunge waren e Freideg alles anescht wéi einfach beim Super-G zu Gröden an Italien. Op der verkierzter Streck ass de Vincent Kriechmayr am beschten eens ginn an huet sech d’Victoire geséchert. Den Éisträicher hat um Enn e Virsprong vu 5 Honnertstel op den Norweger Kjetil Jansrud an 22 Honnertstel op den Däitschen Thomas Dreßen.
D’Course huet sech am Ganzen iwwer 3 Stonne gezunn. Wéinst Niwwel a well et geschneit huet, hat d’Course ëmmer nees missen ënnerbrach ginn.