VIDEO: Damme-RugbyVictoire fir Walfer géint Gent ni a Gefor

RTL Lëtzebuerg
Vill Damme Rugby’s Clibb ginn et den Ament hei am Land net. Fir genau ze sinn, nëmmen een. An zwar zu Walfer, mee et soll an Zukunft nach een dobäi kommen.
VIDEO: Victoire fir Walfer géint Gent ni a Gefor
Vill Damen Rugby’s Clibb ginn et den Ament hei am Land net. Vir genau ze sinn, nëmmen een. An zwar zu Walfer, mee et soll an Zukunft nach een dobäi kommen.

„Les Walfett”, sou wi se genannt ginn, si momentan op der 3. Plaz an hunn e Samschdeg de Mëtteg géint Gent gespillt. Um Terrain huet een hinnen déi 11 Joer Erfarung, déi se hunn, ugemierkt di Spill bestëmmt hunn an no 30 Minutten a Féierung goungen.

Reaktioun vu Gent huet net laang op sech waarden gelooss, déi nëmmen 2 Minutten méi spéit och en Versuch realiséiert hunn mee Transformatioun konnten si net konkretiséieren.

Kuerz virun der Paus konnt Walfer seng Avance weider ausbauen a beim Stand vu 14:5 goufen d’Säite gewiesselt.

D’Gäscht aus der Belsche si gutt an déi 2. Halschent komm, mee wierklech konkretiséiere konnte si hir Chancen net.

Anescht war et dogéint bei Walfer, di duerch e flotte Konter hir Avance op ganzer 16 Punkten ausbaue konnten. Dat war de gefillten Knockout fir d’Equipe aus der Belsche.

Si hunn et zwar nach emol gepackt den Ecart ze reduzéieren, mee den Victoire war vir Walfer ni an Gefor, déi sech mat 21:12 géint Gent behaapte konnten. Vill Luef gouf et deemno nom Match vum Trainer.

A wann „Les Walfett“ esou weider spillen, gesi mir si d’nächst Saison vläicht an der 1. Divisioun.

Back to Top
CIM LOGO