Neie Landesrekord an der LiichtathletikUyana Granger leeft 400m Hecken an 58 Sekonnen a 54 Honnertstel

Joel Detaille
Si huet hiren eegene Landesrekord domadder nach emol verbessert.
© COSL

Et gëtt en neie Landesrekord an der Liichtathletik. Op der U20-WM zu Eugene an den USA ass d'Uyana Granger iwwert d'400 Meter Hecken en Donneschdeg an hirer Serie dat Véiert ginn, an huet sech domadder fir d'Halleffinalle qualifizéiert. Mat enger Zäit vun 58 Sekonnen a 54 Honnertstel huet déi 17 Joer-jonk Athleetin hiren eegene Landesrekord nach emol verbessert.

D'Halleffinall ass an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg.

Back to Top
CIM LOGO