Volleyball-ChampionnatKrimi tëscht Bartrenger an Iechternacher Damme fir den Optakt

RTL Lëtzebuerg
Déi éischt Matcher an der neier Saison si gespillt an d'Favoritte konnte sech behaapten.
Bartreng an Iechternach hu sech e Krimi iwwer fënnef Sätz geliwwert.
© Marc Burelbach

Hären

E Samschdeg ass de Volleyball als lescht grouss Ekippe-Sportaart an déi nei Spillzäit gestart. D'FLVB huet fir déi nei Spillzäit och eng Neierung opweises. Als éischt Federatioun am Groussherzogtum bitt d'Volleyball-Federatioun eng Fantasy-Liga (Dammen an Hären) un an erhofft sech doduerch e Push fir d'Sportaart.

Mat Stroossen, Luerenzweiler a Bartreng ginn et dräi Ekippen, déi no engem Titel striewen. Lescht Saison hat sech de VC Stroossen d'Meeschterschaft gekroopt an de VC Luerenzweiler d'Coupe geséchert. De Supercup goung virun enger Woch u Luerenzweiler. Wéi virun zwee Joer wäert et dës Saison keen Ofsteiger aus der héchster Volleyball-Liga ginn, well de VBC Esch sech fräiwëlleg zeréckgezunn huet. Dowéinst war de Champion Stroossen um éischte Spilldag spillfräi.

De Coupe- a Supercup-Gewënner Luerenzweiler hat beim 3:0 géint de Belair keng Problemer. Vum Resultat hier geneesou däitlech, awer an de Sätz vill méi spannend war d'Partie tëscht dem Chev Dikrech an dem VC Fenteng. D'Ekipp aus der Brauereistad goung mat 3:0 als Gewënner vum Terrain.

Och den drëtte Match goung 3:0 aus. Dës Kéier hat Bartreng d'Iwwerhand géint Iechternach. Hei war en änleche Verlaf wéi zu Dikrech: Iechternach konnt déi zwee éischt Sätz enk gestalten (26:24 a 25:23), mee am drëtte Saz goung hinnen d'Loft aus.

Bartreng hat Iechternach op Besuch.
© Marc Burelbach

________________________________________________

Dammen

Déi nei Saison huet fir d'Gym Volley ugefaangen, wéi déi al opgehalen hat: mat engem Titel. Am Supercup hate sech d'Stater géint de VC Mamer duerchgesat. A béid Ekippe gëllen och an dëser Saison als déi gréisst Favoritten op de Meeschtertitel. De Meeschter gräift awer eréischt e Sonndeg an.

De Vizemeeschter Mamer ass mat engem kloren 3:0 géint de Belair an d'Saison gestart.

Stengefort musst trotz de klore Victoiren am éischten an zweete Saz eng Éiereronn dréien, well Fenteng am drëtte Saz op eemol dogéint gehalen an um Enn och gewonnen huet. Am véierten Duerchgang huet Stengefort dann awer nees fir kloer Verhältnisser gesuergt an de Match 3:1 fir sech entscheet.

De spannendste Match hu sech Bartreng an Iechternach geliwwert, deen d'Gäscht mat 3:2 (25:16, 25:18, 25:27, 21:25, 12:15) fir sech entscheet hunn. Iechternach huet dobäi eng exemplaresch Ophueljuegd higeluecht. Nodeems Bartreng déi éischt zwee Sätz kloer fir sech entscheet hat, hunn d'Gäscht de Match mat dräi enke Sazvictoiren nach dréie kënnen.

Back to Top
CIM LOGO