Am nationale Futtball wiesselt den Tom Schnell vun Hesper op Stroossen. Hien hat zanter 2020 fir Hesper gespillt. Do virdrun huet hie mam F91 Diddeleng zweemol an der Gruppephas vun der Europa League gespillt.