
Zwielef Méint ass et hier, dass d'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp fir en offizielle Match zesummekoum. Am November 2025 war et an der WM-Qualifikatioun géint Lettland gaangen, wou et zwou Néierlage gouf. Am éischte Match vun der Qualifikatioun fir d'EM 2028 waren d'Rout Léiwen Nordmazedonien mat 23:41 däitlech ënnerleeën. Domat blouf en erhofft gutt Resultat aus.
Un der Säitelinn koum et zum éischten Trainerduell vun zwou Gréissten aus dem europäeschen Handball. Et war den éischte Match ënnert der Leedung vum neien Nationaltrainer Didier Dinart. De Fransous ass dobäi op säi fréiere Coequipier Kiril Lazarov, zënter 2021 Trainer vun Nordmazedonien, getraff. Zesummen hate si bei Ciudad Real (2010 - 2012) gespillt. Si sinn och allen zwee an der Hall of Fame of European Handball veréiwegt.

Am insgesamt siwente Match géint Nordmazedonien huet d'Lokalekipp vun Ufank u kloer gemaach, wien Här am Haus wär an ass mat engem 7:1 an de Match gestart. Vläicht waren d'Lëtzebuerger duerch dat luest Ofspille vun der Nationalhymn e bëssen ageschléifert. De Jacques Tironzelli huet no 4 Minutten eng éischt Kéier markéiert, mee duerno huet et weider 11 Minutte gedauert, bis den zweete Gol gefall ass. Do stoung et schonn 9:2 fir d'Nordmazedonier.
Opgrond vu ville Blesséierten - ë.a. Raphael Guden, Dimitri Mitrea, Sam Richard, Ben Weyer hu gefeelt - stoung eng ganz jonk Ekipp um Terrain, déi vum Kapitän Tom Krier ugefouert gouf. Mat Ruben Ciota, Tidyan Meunier, Lou Fancelli, Teo Wener a Bob Mousel hu fënnef Spiller hiren Debut an der Nationalekipp ginn.
D'Trefferquot bei den Nordmazedonier war immens héich, soudass si schonn no 22 Minutten 10 Goler vir waren (13:3). Nodeems Lëtzebuerg an den éischten 20 Minutte just 3 Goler werfe konnt, waren d'Rout Léiwe bis an d'Paus méi geféierlech virum Gol an hu 7 weider Goler op hirem Kont verbucht. Sou goung et mat engem Réckstand vun 10:20 an d'Kabinnen.
Am Ufank vum zweeten Duerchgang hunn d'Lëtzebuerger gutt Akzenter gewisen, kruten awer weiderhi keen Zougrëff an der Defense. D'Nordmazedonier hunn hire Méi un Erfarung a Qualitéit konsequent a Goler ëmgemënzt. Am weidere Verlaf hu sech nees méi liicht Feeler bei de Lëtzebuerger ageschlach, wouduerch de Réckstand ëmmer weider gewuess ass.
An der 57. Minutt war kloer, dass et déi héchst Néierlag fir d'Rout Léiwen an hirer Geschicht géint d'Ekipp vum Balkan gi géif. Bis dohi gouf et déi héchst Defaite am Oktober 2022 beim 24:38 op der selwechter Plaz. No der drëtter Néierlag géint Nordmazedonien an de leschte véier Joer mussen d'Rout Léiwen déi néngt Defaite an de leschten eelef Matcher hinhuelen.
Dëst Resultat gëllt et elo séier ze verschaffen an ofzehaken, fir de Léierprozess vun der jonker Ekipp weiderzeféieren. E Sonndeg geet et weider géint de fënneffachen Europameeschter Schweden an der Coque.

Dass den Didier Dinart neien Trainer vun der FLH-Selektioun ass, ass och am europäeschen Handball registréiert ginn. Am Interview mat Eurohandball.com huet de Fransous iwwer seng Ziler mat de Roude Léiwe geschwat.