Handball-ChampionnatKräizbandrëss: Saison fir Svenia Gambini eriwwer

Yannick Glod
Eng Woch no der Nationalekippscampagne goung d'Handball-Championnat bei den Damme weider. Diddeleng, Déifferdeng a Käerjeng hunn hir Matcher kloer gewonnen.
D'Svenia Gambini (Nummer 17) huet sech am Match géint Groussbritannien d'Kräizband gerass.
© Fernand Schmitz (Archiv)

Dammen

No dem dach enttäuschende Verlaf vun der Nationalekippscampagne goung d'Championnat bei den Damme mam 6. Spilldag weider.

Den Tabelleleader Diddeleng huet sech mat 28:22 géint de Chev Dikrech duerchgesat a bleift domat an dëser Saison ouni Punktverloscht. Och wann d'Resultat um Enn kloer ausgesäit, war et kee liichte Match fir d'Ekipp vum Trainer Mikel Molitor. Dikrech war bis an d'53. Minutt a Schlagdistanz (25:21), hat an der Crunchtime awer keng Loft méi. Dovu konnten d'Fiiss profitéieren an de Virsprong weider ausbauen.

Den HBD muss awer eng batter Noricht verkraaften. D'Svenia Gambini ass mat engem Kräizbandrass vun der Nationalekipp zeréckkomm a fält fir de Rescht vun der Saison aus. D'Bandspillerin hat sech an de leschte Sekonne vum Allermatch géint Groussbritannien de Knéi verdréint. No der Laura Ciufoli, déi sech Mëtt September am Match géint Déifferdeng déi selwecht Blessur zougezunn huet, fält mat der Gambini déi zweet HBD-Spillerin laangfristeg aus.

Och Käerjeng ass no der laanger Paus mat enger däitlecher Victoire zeréck an d'Championnat gestart. Géint den HC Standard stoung et no 60 Minutten 31:20. Schonn no 20 Minutte war kloer, wien de Match gewanne géif, well d'Lokalekipp mat 6 Goler vir louch (12:6). Nom 15:7 an der Paus ass de Virsprong vum Rekordmeeschter ëmmer weider geklommen. De Standard konnt am zweeten Duerchgang op d'mannst méi Goler verbuchen.

Nodeems de Stéphane Mina Ufank der Woch iwwerraschend säin Traineramt bei der Red Boys Déifferdeng zur Verfügung gestallt hat, war ee gespaant, wien den Interim iwwerhuele géif. Et ass den Elledy Semedo, dee bis op Weideres den Interim assuréiert. Den Hären-Trainer Marc Breser huet him assistéiert.

Och an der neier Konstellatioun huet sech Déifferdeng e Freideg ouni Problem mat 31:17 beim HB Museldall duerchgesat. D'Miselerinne musse weider op hir éischt Victoire waarden.

Hären

De Championnat bei den Häre rout dësen an nächste Weekend, well d'Nationalekipp sech op d'EM-Campagne preparéiert. E Freideg war RTL beim Training an der Pressekonferenz mam neie Co-Trainer Yacinn Bouakaz dobäi. De 4. an 8. November sti Matcher géint Nordmazedonien a Schweden um Programm.

Back to Top
CIM LOGO