National Schwamm-MeeschterschaftenUm zweeten Dag goung et mat der Kompetitioun weider

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war et d'Suite vun dem nationale Schwamm-Championnat an der Coque. Hei huet d'Lena Peters op sech opmierksam gemaach.
Ofschloss vum Schwamm-Championnat
Um Sonndeg goufen déi leschten Titele verdeelt.

Bei den Damme konnt d’Lena Peters op sech opmierksam maachen. Déi 14 Joer jonk Athletin vum Diddelenger Schwammveräin war an der Course vum 100-Meter-Papillon net ze schloen an huet um Enn mat engem staarke Finish ee Chrono vun enger Minutte 2 Sekonnen a 94 Honnertstel realiséiert a gouf domadder Lëtzebuerger Championne.

Fir de Pit Brandenburger waren déi national Meeschterschaften ee leschten Test virun der WM an 3 Wochen a Südkorea. De Sportzaldot ass deemno ouni spezifesch Preparatioun un den Depart gaangen.

Um 1500-Meter-Crowl sollt et net duergoe, fir eng nei perséinlech Beschtzäit opzestellen. Anescht ass et dunn awer um 200-Meter-Brasse gelaf, wou de Pit Brandenburger säi Chrono em 1 Sekonn verbessere Konnt.

D’Championnat an der Coque war deemno fir d’Top-Athlete vun der FLNS dee leschten Test virun der WM an 3 Wochen.

Back to Top
CIM LOGO