LiichtathletikTom Habscheid séchert sech Gold am Diskus

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger konnt sech mat enger neier perséinlecher Beschtleeschtung an dëser Saison vu 44 Meter a 97 Zentimeter duerchsetzen.

De Lëtzebuerger Para-Sportler Tom Habscheid war de Weekend zu Singen bei den däitsche Meeschterschaften am Asaz.

Nodeems hie sech um Samschdeg am Bommstoussen mat 14 Meter a 29 Zentimeter nach huet misse mat der zweeter Plaz zefridde ginn, sollt hien um Sonndeg am Diskus awer ganz uewen um Podium stoen. Mat staarke 44 Meter a 97 Zentimeter konnt den Tom Habscheid seng Beschtleeschtung an dëser Saison verbesseren a soumat ee ganz erfollegräiche Weekend an Däitschland feieren.

Back to Top
CIM LOGO