
E Freideg de Moien huet zu Bydgoszcz a Polen de Grand Prix am Para-Athletismus ugefaangen. Den Tom Habscheid huet hei ee gudden Optakt kannt. De Lëtzebuerger huet d’Kompetitioun am Bommstousse gewonnen. Mat 14,45 Meter war hien dee Beschten.
Fir den Tom Habscheid sinn d’Kompetitiounen a Polen nach net eriwwer. E Sonndeg de Moien ass hien nach mam Diskus am Asaz.