Championnat BouschéissenTitel fir de Gilles Seywert an de Luca Klein

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war zu Monnerech d'Lëtzebuerger Championnat am Bouschéissen.
© Famill Seywert

Am Championnat am Bouschéissen huet de Gilles Seywert zu Monnerech mam net-Olympesche Bou souverän den Titel gewonnen. An der Halleffinall huet de Seywert d’Konschtstéck fäerdeg bruecht, 150 vun 150 Réng ze schéissen.

Am Recurve, dem olympesche Bou, war den Titel fir de Luca Klein. De Pit an de Joé Klein waren net mat dobäi. Si waren de Weekend beim Testevent fir d’Olympesch Spiller 2020 zu Tokio am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO