
D’Norwegerin ass net nëmme feelerfräi bliwwen, mä war och richteg séier op der Pist ënnerwee, esou dass si no 7,5 Kilometer als Gewënnerin feststoung. Déi zweete Plaz war fir d’Schwedin Hanna Öberg, déi knapp eng hallef Minutt Réckstand hat. D’Dorothea Wierer koum mat 36 Sekonne Retard zwar op déi drëtte Plaz, ma huet nawell d’Féierung am Gesamt-Weltcup missen ofginn. Hei läit d’Eckhoff elo nämlech mat 441 Punkten op der 1. Plaz an domat 3 Punkte virum Dorothea Wierer.