
Bei der Poursuite bei den Dammen huet kee Wee laanscht d’Tiril Eckhoff gefouert. D’Norwegerin konnt sech zu Rupholding an Däitschland virun der Paulina Fialkova aus der Slowakei an der Hanna Öberg aus Schweden duerchsetzen. D’Gewënnerin vum Sonndeg féiert och d’Gesamtwäertung am Weltcup un.
No den Damme war et un den Hären. Hei gouf et eng Victoire vum Martin Fourcade. Fir den 31 Joer ale Fransous war et den 71. Eenzelerfolleg am Weltcup. Als 2. ass de Quentin Fillon Maillet op ronn 17 Sekonnen ukomm - hannert déi zwee Fransouse koum de Vetle Sjastad Christiansen aus Norwegen op déi 3. Plaz.