SchisprangenTande wënnt Weltcup-Optakt viru Lanisek a Stoch

RTL Lëtzebuerg
Nodeems Éisträich um Samschden d'Ekippesprange fir sech entscheet huet, stoung um Sonndeg dat éischt Eenzel-Sprange vun der neier Saison um Programm.
© afp

Den Daniel-André Tande huet de Weltcup Optakt zu Wisla a Polen fir sech entscheet. Op déi 2. Plaz spréngt de Slowen Anze Lanisek an op déi 3. Plaz kënnt de Lokalmatador Kamil Stoch.

D’Sprange war fir d’Athleten an och d’Jury net einfach, well de Wand eng ganz staark Roll um Sonnden zu Wisla gespillt huet. Sou ass och de Karl Geiger, deen nom 1. Duerchgang nach mat 127 Meter a Féierung louch, am 2. Duerchgang op déi 7 Plaz zeréckgefall.

Back to Top
CIM LOGO