Triathlon-WeltcupStefan Zachäus mat der 10. Plaz an Neiséiland

RTL Lëtzebuerg
Beim Weltcup zu New Plymouth ass de Bob Haller iwwert d'Sprintdistanz de 25. ginn an den Oliver Gorges huet sech als 52. klasséiert.
© FLTRI

An der Nuecht op e Sonndeg war zu New Plymouth an Neiséiland eng weider Manche vum Triathlon-Weltcup. No 750 Meter Schwammen, 20 Kilometer Vëlofueren a 5 Kilometer Lafen huet sech den Australier Luke Willian d’Victoire geséchert. Hien hat e Virsprong vu 6 Sekonnen op den Däitschen Justus Nieschlag an den Neiséilänner Sam Ward.

Beschte Lëtzebuerger war de Stefan Zachäus als 10. Hien hat e Réckstand vun 32 Sekonnen op de Gewënner Willian. De Bob Haller hat als 25. e Retard vun 1 Minutt a 46 Sekonnen a fir den Oliver Gorges war et um Enn déi 52. Plaz op 4 Minutten a 46 Sekonnen. De Gregor Payet huet nom Vëlofueren opginn.

Back to Top
CIM LOGO